Gutt schlofen – trotz der Hëtzt

RTL - 26.07.2012, 11:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.07.2012, 12:57

Vill Leit hu mat den héijen Temperaturen ze kämpfen. Net nëmmen daagsiwwer ass et dompesch, mä och nuets killt et net richteg of.

Déi optimal Temperatur fir ze schlofe läit bei 18°C, mä un déi ass awer am Moment net ze denken. Hei e puer Tricker wéi Dir trotzdem zum schlofe kommt:

Ween Owes vill a schwéier ësst, deen huet déi ganz Nuecht domat ze kämpfen. De Kierper brauch laang fir et ze verdauen. De Kreeslaf muss méi schaffen an doduerch gëtt et eis nach méi waarm.

Denkt dru genuch ze drénken. D’Waasser soll kill, awer net äiskal sinn. 3 Liter den Dag sinn de Minimum un déi eng Erwuesse Persoun sech soll halen. E Glas Béier schued näischt. Ausserdem schléift ee besser an, wann et engem e bësse schummereg ass. Mä ween Alkohol am Blutt huet, schléift manner déif. De Schlof ass dee Moment net esou erhuelsam an et kann ee méi liicht waakreg ginn.

Frësch Loft ass gutt. Et bréngt allerdéngs näischt, wann d’Fënster opsteet an de ganzen Dag d’Sonn eran dréckt. Loosst moies d’Rolllueden erof a lëft owes wann et net méi grad esou waarm ass. Tipp: Hänkt owes an déi oppe Fënster en naasst Läinduch. Dat verbessert d’Klima am Raum an hällt nerveg Insekten ewech.

Wann et waarm an engem Raum ass, soll een all déi Maschinnen ausschalten, déi nach zousätzlech Hëtzt produzéieren. Dozou gehéieren: Computer, Televisioun, Monitor a Co.

Eng Dusch virum schlofe goen, bremst de Schweess-Prozess. Eng kal Dusch killt de Kierper zwar kuerzzäiteg, mä de Kreeslaf gëtt aktivéiert, wat mat sech bréngt, datt een erëm ufänkt mat schweessen. Eng woodlech Dusch killt an entspaant eis am beschten.

Och eis Bettdecken halen d’Hëtzt gutt. Bei deenen Temperature geet deene meeschte Leit en einfacht Läinduch duer. Wee ganz ouni Decke schléift soll awer oppassen, datt en net am Duerchzuch läit, well do kann ee sech liicht erkalen.