Opgepasst beim Kaf vu Kosmetik-Imitater

RTL - 03.08.2012, 09:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.08.2012, 08:02 | 0 Commentaire(n)

Op praktesch all Maart a Spuenien, Italien, Tunesien a Co fënnt ee Poschen-Imitater, Kleeder-Imitater a Kosmetik-Imitater.

Et schéngt evident, datt dës ni ganz identesch mam Original sinn, mä si leien awer dacks net wäit ewech dovun. An esou e Schnäppche loosse vill Vacanciere sech net gär entgoen. Leider wëssen déi wéinegst, datt ee besonnesch op Kosmetik soll oppassen, well si kënne geféierlech Stoffer enthalen.

Ween esou Artikele keeft, befënnt sech also net nëmmen an der Illegalitéit, mä sëtzt sech och nach engem gewësse gesondheetleche Risiko aus. Dës Produite ginn dacks an onhygienesche Laboratoiren zesummegemëscht. Wat zielt ass, dass se ongeféier riche wéi den Original a bëlleg sinn.

Eng Partie där Imitater sinn elo ënnert d’Lupp geholl ginn. Usus ass, datt een a Crèmen Urin als Konservéierungsmëttel fënnt. D’Fro ass, wee sech dat gär an d’Gesiicht schmiert. Mä richteg bedenklech gëtt et bei Sonnecrème. D’Wëssenschaftler hu Bëllegprodukter fonnt an deenen iwwerhaapt keen UV-Schutz dran ass. Héichpunkt waren awer Parfumen an deene Spuere vu Lack-Verdënnungsmëttel fonnt ginn ass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!