Wat kann ech géint mäi "Schwéngsmupp" maachen?
RTL - 10.11.2011, 09:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2011, 10:44
All gutt Virsätz sinn dohin, wann de "Schweinehund" bis d'Iwwerhand gewënnt. Mä wat genau ass deen "Schwéngsmupp" a wéi kann e bekämpft ginn?

Dëse Schweinehund schléit an all Liewenslag ouni Gnod zou: E bréngt Iech dozou kee Sport ze maachen, eng Tablett Schokola z'iessen oder nees mam Fëmmen unzefänken.
Den Numm huet dësen desagreable Gesell - sou komesch wéi et kléngt - wierklech vun engem Déier kritt, dem Sauhond. Den Terrier, deen als Juegdhond op der Wëllschwäinjuegd agesat gëtt, gëtt en och gär als Sauhond bezeechent. De Virdeel vun dësem Hond ass nämlech, datt wann hie sech bis festgebass huet, léisst en net méi lass.
An genee esou bäisst de Schweinehund sech och fest. Wann hien ee bis erwëscht huet, gëtt et ganz schwéier, de Schwéngsmupp erëm lass ze ginn. Am Léifste gräift e bei grousser Ustrengung oder oder besonnesch schlëmmer Langweil un.
Mä wei kann een den Dämon gutt bekämpfen?
De Schweinehund ze bekämpfen ass usech guer net esou schwéier wéi ee mengt. Am Einfachste geet et, wann ee Spaass un deem huet wat ee mécht, oder muss maachen.
Dir gitt lafen an denkt iech "Sinn dat eréischt 5 Minutten? An et ass nach esou wäit!". Mat där Astellung maacht Dir et dem Schweinehund extrem liicht sech festzebäissen. Dir musst Iech e spillerescht Ziel sëtze fir d'Lafen interessant ze maachen. Sicht eng Persoun déi virun Iech leeft, a sëtzt Iech als Ziel, déi ze iwwerhuelen. Oder huelt flott Musek mat, bei där gutt kënnt matsangen.
Wann Dir d'Ustrengung probéiert duerch en Challenge oder op eng flott Manéier ze léisen, wäert et dem Schwéngsmupp méi schwéier falen Iech ze beaflossen. Och e gutt Gefill an eng positiv Beaflossung vun der Aarbecht halen de Schweinehund op Distanz.
