Weight Watchers
RTL - 21.12.2009, 14:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2009, 14:54

1963 ass d’Firma vun der Hausfra Jean Nidetch am US-Bundesstat New York gegrënnt ginn. Hautdesdaags gëtt et Weight Watchers an iwwer 30 Länner. Charakteristesch sinn déi kontrolléiert Ernährungsëmstellung an déi wëchntlech Gruppentreffen. Hei kënnen d’Memberen hir Erfahrungen austauschen a kucke gemeinsam wéivill se schonn ofgeholl hunn.
De PrinzipDe Prinzip vun dësem Ernährungsprogramm besteet doran all Liewensmëttel e bestëmmte Punktewäert ze ginn. Dëse Wäert setzt sech zesummen aus dem Fettgehalt an de Kilokalorien. All Member huet eng perséinlech Unzuel vu Punkten déi hien all Dag däerf zou sech huelen.Dës Zuel setzt sech aus verschiddene Facteuren zesummen: Geschlecht, Gréisst, Alter, kierperlech Aktivitéit, aktuellt Gewiicht an d’Wonschgewiicht. Frëscht Uebst a Geméis hu keng Punkten, si däerfen also à volonté giess ginn.
D’HaaptregelenRegelméisseg Bewegung gehéiert op de Plang vun all Weight Watchers Member. Et muss ee vill drénken, haaptsächlech Waasser an ongeséissten Téi. Fënnef Stécker frëscht Uebst a Geméis den Dag kritt ee geroden z’iessen. Ënnert anerem duerch déi wëchentlech Réunioune ginn d’Leit ëmmer erëm motivéiert weider ze maachen. Wee vill Sport mécht, kritt zousätzlech Bonuspunkten. Grondsätzlech ka jiddereen alles, mat Mooss, iessen.
Weider IdeeënWeight Watchers verkafen am Kader vun hirem Punktesystem eng ganz Rei vu verschiddene Liewensmëttel vu fäerdege Platen iwwer Charcuterie a Séissegkeeten, déi een och bei eis an de Supermarchéë kritt.
BicherWeight Watchers – Der 4 Wochen Plan (ISBN 3774 2637 60)
Das neue große Weight Watchers Kochbuch (ISBN-10: 3453855558)
